Sie sind hier

Generalversammlung

Den 3. Mäerz 2020 hu mir op d’Generalversammlung vun der DP Sektioun Gemeng Käerjeng an d’Brasserie op der Gare zu Kënzeg agelueden.

Mir ware frou, vill Memberen a Frënn vun der Sektioun, Deputéierten souwéi Vertrieder aus anere Sektiounen a vun der JDL kënnen ze begréissen.

Ugefangen hu mer mat enger Gedenkminutt fir déi zwee engagéiert Comitésmemberen Steve Marteng an Josy Kirsch, déi eis während dem leschte Joer onerwaart verlooss hunn,

souwéi fir de kierzlech verstuerwenen Fraktiounspresident Eugène Berger. Mir wäerten déi dräi a gudder Erënnerung behalen.

Nom Aktivitéits- a Keesebericht kruten d’Comitésmembere Merci fir hiert Engagement gesot and de bestehende Comité ass konfirméiert ginn.

Eise Conseiller, den Nico Funck, ass op déi politesch Aktualitéit vum leschte Joer agaangen.

D’DP huet de Budget fir 2020 vun der Gemeng Käerjeng net mat gestëmmt. Mir begréissen zwar eng Rei Projeten, déi mer och mat stëmmen, awer et feelen eis Konzepter, wéi z.B. e Ruffbus oder e lokale Maart, eng Idee, déi iwweregens schonn 2017 vum Schäfferot ugekënnegt ginn ass.

Interessant Projeten wéi eng Spillschoul mat Maison Relais zu Käerjeng, en neie Festsall zu Kënzeg oder de Kaf vun Terrainen zu Lénger goufen vun der DP mat gedroen.

Wéi och schonn an de vergaangene Joeren, hu mer eis och d’lescht Joer dofir agesat, dass de Schoulkanner an de Grondschoulen an eiser Gemeng dat adäquat informatesch Material zur Verfügung gestallt gëtt. Eise Schäfferot ass sech mam Ministère net iwwert d’Finanzéierung eens a verschiibt dowéinst dringend noutwenneg Investissementer an d’Informatik vun eise Schoulen. Eiser Meenung no sollten dës Meenungsverschiddenheeten awer net als Ophänkert benotzt ginn, fir iwwerfälleg Uschafungen erauszezögeren. Eis Schoulkanner sollen net déi Geschiedegt vu sou Streidereien sinn!

Uschléissend hunn d’Deputéierten Max Hahn a Gusty Graas eis en interessante Résumé iwwert déi national politesch Aktualitéit gemaach an de Lou Linster an de Yannick Civéra hunn e puer Wierder fir d’FCCD respektiv d’JDL geschwat, ier mer den Owend mat engem gemittlechen Iessen ausklénge gelooss hunn.

Wann Dir e Feedback oder eng Fro dozou hutt, allgemeng wëllt mat eis Kontakt ophuelen oder an eiser dynamescher Équipe wëllt matschaffen, dann zéckt net Iech ënnert http://kaerjeng.dp.lu/kontakt bei eis ze mellen.